FACHRONN FIR ELTEREN PORNOGRAFIE 30. Oktober 2025 · 1830-2030 Auer (1)

🆓 Gratis a ganz bequem online.
🗓️ 30/10/2025 | 18h30 – 20h30
🌐 Sprooch: Lëtzebuergesch

📌 Organiséiert vum KJT (Kanner-Jugendtelefon), ZEV, CESAS a Planning familial.

Fachronn fir Elteren zum Thema Pornografie

Un all d‘Elteren!

Den 30. Oktober 2025 vun 18h30 bis 20h30 bidden mir als ZEV an Zesummenaarbecht mat Bee Secure, KJT, CESAS, an dem Planning Familial eng online Fachronn fir Elteren zum Thema „Pornografie“ un.

Firwat deelhuelen?

  • Kanner a Jugendlecher stoussen ëmmer méi fréi op online-Inhalter, déi net fir hiren Alter geduecht sinn.
  • Pornografie ass en Thema, dat vill Eltere veronséchert.
  • Dir kritt Raum fir Är Froen u Fachpersounen ze riichten.

Beispiller vu Froen, déi mir zesumme beschwätzen:

  • Wat maachen, wa mäi Kand op pornographeschen Contenu stéisst?
  • Wéi schwätzen ech oppen a kloer mat mengem Kand doriwwer?
  • Wéi erklären ech mengem Kand, dass Pornografie näischt mat der Realitéit ze dinn huet?

D’Froenronn bitt e geschützte Kader, wou Dir – ouni Schimmt, ouni Angscht - mat Fachleit schwätze kënnt. Zil ass et, Elteren ze stäerken, an hinne méi Sécherheet am Ëmgang mat dem Thema „Pornografie“ ze ginn.

Nach oben scrollen