Andreas 100.7 Kopie

Zu Gast bei Radio 100,7

GESPRÉICH MAM DR. ANDREAS KÖNIG

Wa vu Sucht rieds goung, da war dat fir vill Leit d'Sucht op Zigaretten oder op Alkohol. An de leschte Joerzéngten huet sech dat Bild verännert a begräift hautdesdaags zu Recht vill aner Beräicher. Et kann d'Sucht op Medien, Sex, Kafen, Aarbecht, Glécksspiller an nach vill méi sinn.
Goung et, wéi den Numm et scho verréit, bei der ASBL Anonym Glécksspiller bei der Grënnung viru Joren ëm d'Sucht op Glécksspiller, esou huet sech dat Engagement haut och op vill aner Beräicher ausgebreet. Erklärunge vum Chargé de direction vum ZEV, dem Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht.

Nach oben scrollen