2023-Beitrag100-7 Kopie

Zu Gast bei Radio 100,7

GESPRÄCH MAM CHARLOTTE PULL
Wat heescht No-Mo-Phobie? Dat heescht esou vill wéi No Mobile Phobie, dat ass d'Angscht oder carrement d'Panik déi Mënsche spiere wann se hiren Handy net bei sech hunn. Wat fir en Afloss hunn déi sëllegen Ecranen an Apparater mat deene mir all Dag hantéieren op eist Liewen? Wéi séier si mer an engem Suchtverhalen? Wat fir eng Konsequenzen huet den Handy op eist Liewen? A virun allem wéi ass d'Situatioun bei de Kanner a Jugendlechen? Äntwerten dorop gëtt d'Psychologin a Psychotherapeutin Charlotte Pull vum ZEV, dem Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht.

Nach oben scrollen